Murder Mindfully: Eng Krimiserie, déi méi wéi just en Thriller ass – Se ass e Must-Watch

by | Mar 4, 2025 | D'Bingers, Highlight

Still image from Murder Mindfully on Netflix (https://about.netflix.com/en/news/murder-mindfully-launch-date-announced-and-first-look-pictures-available)

Et ass eppes Besonnesches, eng Serie ouni Erwaardungen unzefänken an da komplett drop hänken ze bleiwen. Genee dat ass mir mat Murder Mindfully geschitt. Ech hat ni dovun héieren, wousst net, datt se op enger däitscher Bicher-Serie baséiert, an Netflix huet se mir einfach zoufälleg proposéiert – woubäi “zoufälleg”… . A wat als einfach Mol raluussen ugefaangen huet, ass séier zu enger Erfarung ginn – eng, déi mech wierklech geprägt huet.

Eng Krimigeschicht ouni Längten

Verschidde Krimiserien hunn de Problem, datt se sech zéien, mat onnéidege laange Szenen oder Fëllmaterial, oder mat schwéierfälleg éiwegdauernden Erklärungen. Murder Mindfully mécht dat net. Den Tempo ass flott a konstant, mat gudder Dynamik a kengem eenzege langweilege Moment.

Visuell an akustesch eng absolut Erfahrung

D’Serie weist net nëmmen d’Thema “Mindfulness”, se fillt sech och esou un. Wann d’Thema bewosst an der Serie opdaucht, gëtt d’Bild dreemeg, méi roueg, méi schéin. De Sound gëtt méi déif, méi entspaant. Et ass sou gutt gemaach, datt een als Zuschauer automatesch matzitt.

Eng genial Humor-Mëschung

Dës Serie huet en intelligenten, dréchenen Humor. Wann dir scharf Dialoger mat vill Ironie gär hutt, wäert dir se feieren. Et gëtt och humorvoll Situatiounen, mee d’Dialoger si wierklech den Highlight.

Eng Serie fir all déi, déi sech iwwerfuerdert fillen

Dës Serie ass net just en Thriller – se ass eng Reflexioun iwwer eist hektescht Liewen. D’Rees vum Haaptpersonnage léisst een och eppes fir sech selwer mathuelen. A méngem Fall ass genau dat geschitt.

Still image from Murder Mindfully on Netflix (https://about.netflix.com/en/news/murder-mindfully-launch-date-announced-and-first-look-pictures-available)

Ech hunn duerno net nëmmen d’Bicher mee souguer d’Hörbicher kaaft, an hunn ugefaange mech aktiv mat Mindfulness ze beschäftegen, Bicher driwwer gelies a souguer eng Aktioun mat menge Kollegen op der Aarbecht dozou preparéiert (ech iwwerloossen et ärer Virstellung wéieng 😜).

Mäi Fazit: Dir musst dës Serie kucken!

Wann dir dréchenen Humor, gutt Kriminalgeschichten a Charaktere mat Déift gär hutt, ass dës Serie perfekt. An wann dir Iech jeemools gestresst oder mental iwwerfuerdert gefillt hutt, kann Murder Mindfully genau dat richtegt fir iech sinn.

Heiansdo sinn déi bescht Serien déi, déi ee guer net erwaart. Kuckt se elo op Netflix.

Suggested by Bisi

L’Agence: E Bléck an de Luxus oder just eng einfach Serie?

An der Welt vun der Reality-TV bréngt L’Agence e spezielle Bléck op d’Liewen am héichwäertegen Immobiliesecteur duerch d’Kretz-Famill. Dës franséisch Serie kombinéiert spektakulär Landschaften a luxuriéis Immobilie mam Alldag vun enger Familljefirma. Och wann d'Show...

‘Doppelhaushälfte’: Ass dat dat richtegt Däitschland?

Am grousse Spektrum deen die däitsch "Tele" hautesdaags proposéiert, stécht 'Doppelhaushälfte' als eng Serie eraus, déi net nëmmen ënnerhält, mee och zum Nodenke bréngt. Produzéiert vum ZDF ënner dem Label NEORiginal, geet se déif op gesellschaftlech Normen an, a...
Image of Harrison Ford and Jason Segel from Shrinking, the show on Apple TV+. Image downloaded from https://www.apple.com/tv-pr/originals/shrinking/episodes-images/

“Shrinking” war esou eng gutt Iwwerraschung fir mech.

Ufanks hunn ech Shrinking als just nach e weidere Projet mat enger Starbesetzung ofgeschriwwen ouni vill Intérêt, mee nodeems ech déi éierlech Verbindung tëscht den Acteuren op de SAG Awards dës Woch gesinn hunn, hunn ech decidéiert, hinnen awer eng Chance ze ginn. Ab...
The watcher

Wëllkomm bei de Bingers

Wëllkomm bei de Bingers, är nei Go-to-Plaz fir schaarfsënneg a villsäiteg Kritiken vu TV-Serien!Taucht an ëmfaassend Analysen vun aktuellen a rezente Serien op verschiddene Streaming-Plattformen an, Vu packenden Dramen bis zu liichten Comedies – entdeckt wat als...

Serra da Estrela

De Grousspapp vu menge Kanner kënnt aus engem charmante Duerf, dat bei Seia läit, am Häerze vun de majestéitesche Bierger vun der Serra da Estrela. Ech hoffen d’Biller, déi ech hei drënner deelen, kënnen der onwarscheinlecher Schéinheet vun dëser verzauberter...

Déi réi Kraaft an d’Schéinheet vun der Natur

Den Nuetshimmel huet bal zwou Stonne laang gebrannt, e faszinéierende Spektakel vu ville Blëtzer, deen aus der Däischtert hellechten Dag gemaach huet. Et war ee vun de beandrockendste Momenter, déi ech jee mat mengem Frënd, dem Himmel, gedeelt hunn – eng atemberaubend...

Skatepark Hollerech

Den éischte Projet deen ech massgeeblech beafléisse konnt, virun elo scho 27 Joer! 😁