Firwat een Champions an The Peanut Butter Falcon op allefall kucke sollt

Firwat een Champions an The Peanut Butter Falcon op allefall kucke sollt

by Bisi | Mar 20, 2025 | D'Bingers

Et gi Filmer, déi eis ënnerhalen, Filmer, déi eis erausfuerderen, an Filmer, déi eis veränneren. Champions an The Peanut Butter Falcon gehéieren zu där leschter Kategorie. Dës Filmer ginn eis en Abléck an eng Welt, mat där vill vu eis nëmmen seelen a Kontakt kommen. A wann dat geschitt, kann et eist Verständnis fir Inclusivitéit, Identitéit a fir déi deeglech Erausfuerderunge vu Leit mat Down-Syndrom an hir Famillje veränneren.

En Deel vum richtege Liewen, deen nohalteg wierkt

Ech hat just e puer, awer ganz intensiv Erfarunge mat Leit mat Down-Syndrom a mengem eegenen Liewen, an ech ka soen, datt d’Emotiounen, déi dës Filmer bei mir ausgeléist hunn, net nëmmen aus dem Kino koumen – si hunn sech real ugefillt. Kee Film kann déi voll Komplexitéit vum Liewe mat enger geeschteger Beanträchtegung afänken, mee Champions an The Peanut Butter Falcon kommen ganz no drun, de Spectateuren hir Perspektiv op d’Liewen ze rësselen. Si hu mech dozou bruecht, meng eege Prioritéiten, mäi Stress an all déi Saachen, déi ech als "selbstverständlech "normal" ugesi hunn, z'iwwerdenken. Beim Kucken vun dëse Filmer hunn ech déi selwecht Energie, Freed an déi heiansdo onwuel Gefiller gespiert, déi ech och an der Realitéit mat dëse Communautéiten erlieft hunn.

(Focus Features, Universal Pictures, 2023)
(Focus Features, Universal Pictures, 2023)

Filmer, déi gutt doen, ouni hir Personnagen auszenotzen

Eng vun de staarkste Säite vun dëse béide Filmer ass, datt se Iech glécklech, inspiréiert a voll Energie pompelen – an dat ouni datt d’Haaptpersonnagen "ausgenotzt" ginn. D’Charaktere sinn net do fir Matleed ze kréien; si sinn do fir ze liewen, ze wuessen an d’Leit ronderëm si erauszefuerderen. Egal ob et dem Zack seng Determinatioun ass, fir e professionnelle Wrestler an The Peanut Butter Falcon ze ginn, oder d’Basketball-Team an Champions, déi beweisen, datt si méi sinn wéi just hiren Handicap – dës Geschichten dréinen sech ëm dat wat ee kann, net ëm dat wat een net kann.

E Must fir Famill, Frënn a Jugendlecher

Wann Dir no engem Film sicht, deen Dir mat Äre Kanner, Teenies, Famill oder Frënn kucke kënnt, da sinn dës zwou ideal. Si si net nëmmen ënnerhalend – si loossen Diskussiounen entstoen. No all Film kënnt Dir einfach froen: Wat hues du aus dësem Film matgeholl? D’Äntwerte wäerten Iech iwwerraschen.

D’Noutwendegkeet vun enger besserer Representatioun

D’Diversitéit an de Medien feelt nach ëmmer, besonnesch wann et ëm Leit mat enger Behënnerung geet. Dës Filmer sinn e Schratt no vir, mee si weisen och, wéi vill nach feelt. Eng perséinlech Erfarung: Ech war an engem Waardesall mat engem jonke Mënsch, wéi eng Grupp vu Jonken mat Down-Syndrom eis zougewonk huet, voller Freed fir ze kommunizéieren. Ech hunn ee vun hinne remekannt, hunn awer decidéiert, déi Interaktioun net z'ennerbriechen an hu hu just zréckgewonk. De Jonke bei mir war am Ufank onsécher, wéi hie reagéiere sollt, mee ech hunn an him gesinn, datt hie vun hirer Wäermt an Opgeschlossenheet beréiert war. Et war e léierräiche Moment – ee vun deenen, déi nach laang bliwwe sinn.

Watch the Peanut Butter Falcon on https://www.netflix.com/title/80203525
Watch the Peanut Butter Falcon on https://www.netflix.com/title/80203525

Realismus, Déift a staark Charakterentwécklung

Champions an The Peanut Butter Falcon sinn onheemlech realistesch a schwätzen Themen un, déi vill Leit léiwer vermeiden – notamment d’Sexualitéit. Si verstoppen d’Realitéit net, mä fannen e perfekte Gläichgewiicht tëscht Emotionalitéit an enger optimistescher Visioun. D'Haaptcharaktere maachen eng grouss Entwécklung mat, sou datt een net nëmmen mat hinne matfillt, mä och un hirem Wuesstem deelhëlt.

Dës Filmer si gläichzäiteg roueg a berouegend. Dir musst net onbedéngt all Detail verfollegen, mee et sinn déi Zort vu Filmer, déi ee wéi e Kaddo unhuele soll. Hir Authentizitéit, hir Erzielweis an d’Leeschtungen vun den Acteuren maachen se besonnesch. Am Ufank wollt ech d’Leeschtunge vum Woody Harrelson an dem Shia LaBeouf ervirhiewen, mee ech hu realiséiert, datt d’Essenz vun dëse Filmer an der kollektiiver Leeschtung vun allen Acteure läit, dorënner Kaitlin Olson, Zack Gottsagen, Dakota Johnson, Madison Tevlin, Kevin Iannucci, Casey Metcalfe, Matthew Von Der Ahe, Ernie Hudson, Bradley Edens, James Day Keith, Alex Hintz, Joshua Felder, Ashton Gunning, Matt Cook a villen aneren.

Final Gedanke

Dës Filmer sinn net just Geschichten; si si Lektioune vun Empathie, Representatioun a mënschlecher Verbindung. Si erënnere mech drun, datt Inklusioun net nëmmen drëms geet, fir Plaz fir anerer ze maachen, mee einfach nëmmen hir Existenz ouni Wenn-und-aber z'akzeptéieren. Champions an The Peanut Butter Falcon si Filmer, déi ech am Léiwsten der ganzer Welt géif weisen – net nëmme well se exzellent sinn, mee well d’Welt eng besser Plaz wier, wa méi Leit se géifen gesinn.

Suggested by Bisi

Firwat mir méi no Kompetenz sichen als ewéi no Helden

Modern Serien weisen eis keng perfekt Helden méi, mee feelbar Mënschen, déi mat Intelligenz, Moral a Kompetenz duerch futtis Systemer navigéieren.

Photo by Mirko Fabian: https://www.pexels.com/photo/oscar-academy-trophy-award-12282183/

D’Oscaren 2026: Hoffnung, Humor an eng Welt, déi nach ëmmer gefléckt muss ginn

D’Oscaren 2026 hunn Humor, Hoffnung a Showbusiness gewisen — mee och eng Welt, déi nach ëmmer no Representatioun, Courage a Verännerung sicht.

(Focus Features, Universal Pictures, 2023)

Firwat een Champions an The Peanut Butter Falcon op allefall kucke sollt

Champions an The Peanut Butter Falcon erënneren eis drun, datt gutt Filmer net perfekt musse sinn. Si brauche Mënschlechkeet, Humor, Häerz an echte Respekt.

L’Agence: E Bléck an de Luxus oder just eng einfach Serie?

L’Agence ass Luxus, Famill, schéin Haiser an einfach Ënnerhalung. Net alles ass déif, mee heiansdo ass genee dat de Reiz.

Still image from Murder Mindfully on Netflix (https://about.netflix.com/en/news/murder-mindfully-launch-date-announced-and-first-look-pictures-available)

Murder Mindfully: méi wéi just en Thriller

Murder Mindfully verbënnt Krimi, Burn-out a schwaarzen Humor zu enger Serie, déi vill méi ass wéi en Thriller: eng komesch, däischter a clever Selbstbefreiung.

‘Doppelhaushälfte’: Ass dat dat richtegt Däitschland?

Doppelhaushälfte spillt mat Viruerteeler, Noperschaft an däitscher Alldagsabsurditéit. Et ass Satir, mee vläicht och méi no un der Realitéit wéi mir mengen.

Image of Harrison Ford and Jason Segel from Shrinking, the show on Apple TV+. Image downloaded from https://www.apple.com/tv-pr/originals/shrinking/episodes-images/

“Shrinking” war esou eng gutt Iwwerraschung fir mech.

Shrinking ass eng emotional, waarm a witzeg Serie iwwer Trauer, Heelung a Mënschen, déi zesumme probéieren net komplett auserneen ze falen.

The watcher

Wëllkomm bei de Bingers

Hei geet et net just drëm Serien ze kucken, mee drëm se ze verstoen: wat se gutt mécht, wou se eis beréieren a wéi se eis hëllefen déi nächst gutt Binge-Serie ze fannen.

Pin It on Pinterest

Share This