De Spleen vum 21. Joerhonnert

De Spleen vum 21. Joerhonnert

by Bisi | Jun 7, 2025 | Gesellschaft, Perspektiven

Firwat mir et besser maache mussen – fir eis selwer an déi, déi no eis kommen

Et gëtt eng Aart Middegkeet, déi ech ëmmer méi spieren – net nëmmen an mir selwer, mee iwwerall ronderëm mech. Et ass wéi eng Keelt, eng Gläichgültgekeet, déi sech an de klenge Gesten vum Alldag weist. Et erënnert un d’Gefill vum fin de siècle a Frankräich – eng Zäit vu gesellschaftlechem Ofbau. Mee hei schéngt et méi déiw ze sëtzen: e Verloscht u Wäerter.

Mir liewen an enger Zäit, wou et méi wichteg ass, séier an efficace ze sinn, als ewéi Matgefill ze weisen. Héiflechkeet a Respekt ginn ëmmer méi rar. Wéini hu mir opgehalen, respektvoll mateneen ëmzegoen?

Moies féieren ech meng Kanner an d’Schoul. Op der Strooss gesinn ech ëmmer méi oft ganz Kolonnen u Chaufferen, déi net bereet sinn, sech an der Tirette ofwiessend eranzeloosse, fir jidderee fair weiderkommen ze loossen. Se quetsche sech all eran, déi hannendrun musse bremnsen a fir déi mecht et de ganzen den Trafic méi lues– mee virun Allem weist et, datt de Respekt an d'Zesummeliewen ofhëlt.

Oder am Supermarché wou ech déi mat just e puer Saachen virloossen. Et ass ëmmer nees total onerwaart fir déi Persounen, an och meng Kanner hu mech gefrot firwat. An ech sot hinnen: « Well et richteg ass. » Net fir ee Merci. Just fir menschlech ze sinn. Si fänken un et ze verstoen a si probéieren och héiflech a mannéierlech ze sinn. A si si stolz drop, wann Erwuessener hinnen dofir felicitéieren.

Fréier hate mir Helden, net Influencers. Wéi de Goku, Superman, Optimus Prime. Si hu sech agesat fir dat Richtegt, si hunn déi Schwach beschützt,a Valeuren héich gehal och wann et net ëmmer einfach war. An haut – hu mir nach esou Virbiller?

Et ass net dat Materialt, un dat sech erënnert gëtt. Et sinn déi kleng an déi manner kleng Akten. – d’Gedold, d’Hëllef, d’Chancen déi ee schenkt. Et sinn déi Momenter, wou ee fir een do war, un déi déi Iwwerliewend sech erënneren.

An dofir, wann deng Kanner froen, firwat s de engem frieme Mënsch e (klengen) Déngscht méchs, da so hinnen: Well et wichteg ass. Well et d'Welt ronderem dech e besche besser mecht.

A vläicht ass dat am Endeffekt dat wichtegst.

Suggested by Bisi

#findingyourvoice

Iergendwann ass “näischt soen”, net méi neutral

Heiansdo ass Näischtsoen net méi neutral. Wann Ongerechtegkeet normaliséiert gëtt, gëtt Näischtsoen selwer zu enger Haltung.

Photo by Mirko Fabian: https://www.pexels.com/photo/oscar-academy-trophy-award-12282183/

D’Oscaren 2026: Hoffnung, Humor an eng Welt, déi nach ëmmer gefléckt muss ginn

D’Oscaren 2026 hunn Humor, Hoffnung a Showbusiness gewisen — mee och eng Welt, déi nach ëmmer no Representatioun, Courage a Verännerung sicht.

Online grouss ginn: Eng Eltere-Meenung

Online grouss ginn ass net just eng Fro vu Schiermzäit. Et geet ëm Identitéit, Drock, Sécherheet an d’Fro, wéi mir Kanner duerch digital Welten begleeden.

De Spleen vum 21. Joerhonnert

De moderne Spleen ass net just traureg sinn. Et ass déi diskret Erschöpfung vun enger Welt voller Kaméidi, Drock, Ellengsinn a permanenter héijer Vitess.

Photo by Kampus Production: https://www.pexels.com/photo/person-carrying-grocery-basket-and-holding-mobile-phone-8476597/

E gesellschaftleche Paradigmewiessel?

E gesellschaftleche Paradigmewiessel geschitt net op eemol. Hie wiisst duerch nei Gewunnechten, nei Technologien an eng lues Verännerung vun deem, wat mir als normal gesinn.

Photo by Life Of Pix: https://www.pexels.com/photo/person-sitting-near-the-brown-wooden-barrel-table-3540/

Kulturell Distanz vs. Paradigmewiessel

Kulturell Distanz weist, wéi staark Kommunikatioun, Wäerter a Perspektiven dovun ofhänken, vu wou mir kommen a wéi mir d’Welt geléiert hunn ze liesen.

Pin It on Pinterest

Share This