Jorelaang hunn ech Self-Checkout-Keesen an de verschiddenste Butteker verteidegt, an ëmmer erëm gesot kritt, datt dat sech ni géif duerchsetzen. Bis ech a menger Zäit zu London een Tesco zu Bank fonnt hunn, dee quasi nëmmen nach Self-Checkouts hat. Dat huet mech zum Nodenke bruecht: Manner Personal, manner Formatioun, méi séier Keesen?
Mee ass dat wierklech esou? Gëtt wierklech manner Personal an Ausbildung gebraucht, oder gi just manner Leit agesat, déi awer méi spezialiséiert musse sinn? Geet et wierklech méi séier, oder huet een just d’Gefill datt et méi séier ass, well een aktiv am Prozess involvéiert ass?
Dunn ass endlech d’Ära vum Self-Service och zu Lëtzebuerg ukomm: Kinos-Ticketen online oder op Automaten, an dono och IKEA, Auchan a Quick. Wärend IKEA, Auchan a Kinoen meng Shopping-Erfarung wierklech méi séier maachen, hänkt et bei Quick awer nach ëmmer vun der Geschwindegkeet vum Personal of.
Mee eng Saach ass kloer: Egal ob d’Self-Checkouts méi séier sinn oder net, ech benotze se ëmmer! Firwat? Well ech doduerch de Faktor “service au client” eliminéieren!
Wann ech bei IKEA sinn a net mat engem iwwerfuerderten oder onfrëndleche Mataarbechter schwätze muss, mee trotzdem alles kaafe kann, wat ech wëll, dann ass dat fir mech eng perfekt Shopping-Erfarung.
Haut benotze ech automatiséiert Keesen, och wann eng normal Kees fräi ass. Nennt mech anti-sozial, mee ech gesi mech als anti-schlechten-Service.
Paradigmewiessel? Haut gëtt Clientsservice net méi verbessert, mee automatiséiert. Skynet, iergendeen?
A wann är Mataarbechter ee schlechte Service bidden—ersetzt se dach duerch Maschinnen! 😉