Dësen Artikel ass eng perséinlech Meenung. Hie baséiert op bal 30 Joer Aarbecht mat a fir jonk Leit, an op 13 Joer Erfarung als Papp.
Ech schreiwen net aus Panik.
Ech schreiwen net fir ze soen, datt den Internet schlecht ass.
An ech schreiwen ganz sécher net, well ech zeréck an d’Vergaangenheet wëll.
Ech schreiwen, well e wichtegt Thema vill ze dacks net ugeschwat gëtt — an well Näischtsoen, och wann et op Vertrauen opgebaut ass, heiansdo zu enger richtecher Gefor ka ginn.
Den Internet ass net de Feind
Den Internet ass en aussergewéinleche Raum.
Do léiert een, do gëtt ee kreativ, do spillt een, do vernetzt ee sech mat aneren, do baut ee seng Identitéit op. Online-Spiller, sozial Netzwierker, kënschtlech Intelligenz si keng Geforen — si sinn Deel vun der Welt, an där eis Kanner grouss ginn.
Als Elterendeel wëll ech kompetent Kanner, net Kanner déi mussen Angscht hunn.
Als Persoun, déi zanter Joerzéngte mat Jonke schafft, weess ech, wéi wichteg dës digital Raim fir si sinn.
Dësen Artikel ass kee Plädoyer fir ze Verbidden oder ze Deconnectéieren.
Mee en ass e Plädoyer fir méi Opmierksamkeet.
Wouriwwer ze wéineg geschwat gëtt
Nieft all deene Méiglechkeete gëtt et eppes, wat vill manner sichtbar ass — a grad dofir esou geféierlech, well et liicht iwwersi gëtt.
Et ginn online Gruppe vu Persounen online déi zwar wuel ganz kleng sinn, se sinn och wéineg strukturéiert mee se schaffe gezielt, fir bewosst Jonker unzeschwätzen an ze manipuléieren.
Si si net haart. Si falen net direkt op. An si gesinn net aus wéi déi Stereotypen, déi een sech spontan virstellt.
Nieft all deene Méiglechkeete ginn et also kleng Gruppe vu Leit, déi gezielt a fräiwëlleg Jonker online viséieren.
Si sinn diskret. Gedëlleg. Geféierlech.
Dat ass kee Versoe vun Technologie, mee eng Realitéit vu mënschlecher Manipulatioun, déi duerch d’digital Welt nach verstäerkt gëtt.
Wéi Grooming funktionéiert
Et fänkt bal ni mat Drohungen un.
Et fänkt un mat:
- enger Bezéiung
- Opmierksamkeet
- nogelauschtert ze ginn
- engem Gefill vunn Dobaigéhéieren
Lues a lues verréckele sech d’Grenzen. E Kand gëtt encouragéiert, eppes ze maachen, wat e liicht onwuel mécht. Duerno eppes, wat et normalerweis ni géif maachen. Eppes fir wat et sech souguer eigentlech schumme géif.
An da gëtt d’Schimmt zu engem Instrument vu Kontroll.
Änlech wéi bei Fäll vu Sextorsioun ginn Geheimnisser a Furcht benotzt, fir d’Kontroll progressiv ze verstäerken. Mee d’Zil ass dacks net sexuell Befriddegung. Et geet ëm Muecht, Dominanz a psychesch Gewalt.
Kanner „falen“ net zoufälleg an esou Situatiounen.
Si ginn dohinner gefouert — lues a methodesch.
Wou dat am heefegste geschitt
Et gëtt keng Plattform, déi elleng fir esou Situatioune verantwortlech ass. Dat kann an Online-Spiller geschéien, op Plattformen mat Voice-Chat oder private Messagen, oder op Applikatiounen, déi locker, spilleresch oder sécher wierken.
D’Plattform u sech ass meeschtens net de Problem.
D’Gefor läit an der liichter Zougänglechkeet vu Kanner an an der Schnellegkeet, mat där Vertrauen ka mëssbraucht ginn.
Firwat Kanner net schwätzen
Dat ass ee vun de schwéierste Punkten, fir Elteren ze verstoen.
Kanner, déi an esou Situatioune geroden, fille meeschtens eng staark Schimmt — net well si Schold hätten, mee well si sech responsabel fillen.
Si kënne sech soen:
- „Ech hätt et misse wëssen.“
- „Ech kréien gemeckert.“
- „Ech enttäuschen meng Elteren.“
- „Et ass ze spéit, fir dat ze flécken.“
Schimmt mécht roueg.
An ëmsou méi laang dës Rou unhält, ëmsou méi schwéier ass se ze duerchbriechen.
Zeechen, déi Eltere kënne bemierken
Et gëtt keen eenzegaartegt “Alarm-Zeechen”, mee verschidde Mustere solle seriö geholl ginn. Eltere kënnen plëtzlech Verännerungen am Verhalen oder an der Stëmmung bemierken, Reizbarkeet, Réckzuch oder emotional Onstabilitéit, méi Geheimnisser ronderëm Bildschiermer, e Verloscht u Freed un Aktivitéiten, déi fréier gär gemaach goufen, oder eng Angscht, déi schwéier z’erkläre ass.
E wichtege Punkt:
Kanner drécken hir Nout iwwregens dacks do aus, wou se sech am sécherste fillen — an dofir kann se sech och doheem weisen.
Wat wierklech hëlleft – a wat net
Ze vermeiden
- Panik
- direkt Verboter
- Ausquetschen
- Strofen als éischt Reaktioun
Sou Reaktioune bestàrken d’Kand am Gedanken datt et awer besser gehat hätt näischt ze soen.
Wat hëlleft
- oppent Nolauschteren
- eng roueg a berouegend Präsenz
- ëmmer nees Rassuréieren
- kloer soen, datt Manipulatioun ni d’Schold vum Kand ass
Virun allem mussen d’Kanner eng Saach wëssen:
d’Wourecht ze soen kascht si net alles.
Vertrauen, Sécherheet an eis Roll als Elteren
Vertrauen heescht net, keng Reegelen ze hunn.
Sécherheet heescht net Iwwerwaachung.
Dat bedeit, e Raum ze schafen, an deem Gespréicher kënne stattfannen — ier eppes schif leeft, mee och dono.
Mir mussen net alles wëssen, wat eis Kanner online maachen.
Mee mir mussen déi Persoune sinn, bei déi si sech kënnen dréinen, wann eppes sech falsch oder net gutt ufillt, och wann si nach net déi richteg Wierder dofir hunn.
Firwat Näischtsoen a -maachen déi eigentlech Gefor ass
No Joerzéngte vun Aarbecht mat jonke Leit ass eng Saach fir mech kloer: si si resilient — mee si sinn och vulnerabel.
Als Elteren fille mir eis oft onwuel bei esou Themen.
Mee eist Onwuel ass hei net Gefor. Näischtsoen, net driwwer schwätzen, der Saach aus de Féiss goen, dat ass et.
Mir mussen net Angscht virum Internet hunn.
Mee mir däerfen net méi dovun ausgoen, datt Rou dat selwescht bedeit als ewéi Sécherheet.
Luxembourg – Aide & ressources fiables
BEE SECURE – Sécurité en ligne pour enfants, jeunes et parents
👉 https://www.bee-secure.lu
📞 Helpline : 8002 1234
(Informations, accompagnement, prévention)
KannerJugendtelefon (KJT)
📞 116 111
👉 https://www.kjt.lu
(Enfants et adolescents – gratuit et confidentiel)
Elteren Telefon
📞 26 64 05 55
👉 https://www.eltereforum.lu
(Soutien et conseils pour parents)
Eltere Forum
👉 https://www.eltereforum.lu
(Accompagnement parental, échanges, information)
SOS Détresse
📞 454545
👉 https://www.454545.lu
(Écoute 24/7 – adultes et jeunes)
CNVV – Centre national pour victimes de violence
📞 2060 1060
👉 https://www.cnvv.lu
(Accompagnement spécialisé, confidentiel)
Police Grand-Ducale – Protection de la jeunesse
👉 https://police.public.lu
SEPAS (Services psycho-sociaux et d’accompagnement scolaires)
- Présents dans chaque lycée
- Premier point de contact si un·e élève est en détresse
- Accès direct et confidentiel via l’établissement scolaire
For parents who want to understand this topic in more depth, the following organizations and investigations provide serious, well-researched information:
- Europol – Online child exploitation & grooming
https://www.europol.europa.eu/crime-areas-and-statistics/crime-areas/child-sexual-exploitation - National Crime Agency (UK) – Online grooming & coercion
https://www.nationalcrimeagency.gov.uk/what-we-do/crime-threats/child-sexual-abuse-and-exploitation - FBI – Crimes against children (online exploitation & coercive control)
https://www.fbi.gov/investigate/violent-crime/cac - INHOPE – International network against online child abuse
https://www.inhope.org - The Guardian / BBC long-form investigations on extremist online grooming
(search terms: online grooming extremist groups investigation) - Common Sense Media – Parent guides on gaming, apps, and online safety
https://www.commonsensemedia.org
These resources go deeper than an opinion piece can — and they matter.


0 Comments