Rezentesten Informatiounen no, handelt et sech beim Gangstarapper Bandana guer net em deen éischte Gangstarapper vu Lëtzebuerg, mee em ee Sondage deen TNS-Ilres zesumme mat der Uni Lëtzebuerg fir d’Police Lëtzebuerg gemaach huet!
Méi genau handelt et sech em eng nei Marketingstechnik “déi et och scho mol am Ausland” gouf, fir ënnert all deene potenziell geféierlechen Individuen, déi auszesënneren, déi der Police net sollte Suerge maachen. Bei dësem repräsentative Sondage, bei deem ganzer 23 Persoune matgemaach hun, konnt d’Police sech also vill Zäit a Méi spueren, fir hier Gesamtlëscht vun 42 Persounen déi ze vill GTA (ndlr Grand Theft Auto) gespillt hu wéi se kleng Kanner waren op 19 erofzeschrauwen, an domadder immens vill Zäit gewannen.
Ee weideren groussen (2.) Objektiv huet sech allerdéngs am Laaf vun der Enquête konnte kristalliséieren, an deems d’Sozial Institutiounen ganz einfach hier Lëscht em 23 Kandidaten erweideren konnten. Allerdings ass dëst nees fale gelooss ginn, well de Sproochtraining fir den Educateuren déi primitiv Sprooch bäizebréngen (“du hues keng ze mellen pd”, “Gei du an dengem clio ronderem fueren während dems mer am benz cruisen pd”, “whack – hate net… – deng maul fgt – pls uninstall – uninstall dein liewen gars – y u gonna b so rud?“) de Staatsbudget gesprengt hätt.
*sarkasmus_off*