SLAM!1: Informatioun ass Muescht

Wéi der et bestëmmt scho wësst, gëtt dëst Zäitalter och nach d’Zäitalter vun der Informatioun genannt. Mee waat heescht dat? Grosso Moddo heescht dat, datt een haut vill méi einfach accès op Informatiounen kann hunn, datt een souguer een Iwwerfloss un Informatiounen huet, an, datt Informatiounen een Haaptbestanddeel sinn vun der haiteger Industrie. Aha.

Konkret heescht dat, datt wann een (gutt) Informatiounen huet, ee méi “Muescht” huet. An dëst muss net negativ sinn! Den CIJ gëtt et zum Bsp. scho méi wéi 26 Joer, an an deene 26 Joer hunn eis Prioritéiten sech zwar vläit oft ugepasst, mee de kloere But vun dëser Asbl ass a bleift jonke Leit d’Méiglechkeet ze ginn, duerch gutt Informatiounen ee “gudde” Bierger vun der Gesellschaft ze sinn/ginn, an duerch di méi “grouss Muescht”, ze stärken!

An dësem Kader, ass et net nëmmen eis – mee och weltwäit – wichteg fir op d’Recht zur Informatioun ze pochen. Eng sellegen Institutiounen hunn sech fir eng qualitativ héich Informatioun staark gemeet, mee et ass ee spezielle But vun der Campagne Information Right Now vun ERYICA gewiescht, d’Recht op Informatioun vu jonke Leit ze beliichten!

Di läscht Joeren hunn mir an vill vun eise Partneren grouss Efforte gemeet fir ärch d’Informatiounen méi no ze bréngen.

Sief et duerch d’Conventioun, déi mir mat dem Educatiounsministère agaang sinn a wou mer di nei Carnets de Liaisons opsetzen fir d’Schüler aus dem Cycle Inférieur, oder och nach den neien Internetsite meng.foiredeletudiant.lu, dee mir mam a fir de CEDIES programméiert hunn.

An de Carnets ginn jonk Leit iwwert eng Multitude vun Themen informéiert, an op dem foiredeletudiant.lu ginn se préparéiert op hir zukünfteg Studien. Béid sinn wichteg Deeler vum erwuesse-ginn fir all Jonken.

Mee et sollt awer och net sou sinn, datt mir alles fir di Jonk “firknaen”. Nee, et ass och ee Minimum vun de Jonke verlaangt! Interesséiert Ierch! Hannerfroot dat, wat der vun Informatioune fannt. Winnt ärch drun Informatiounen ze sammlen an auszewäerten ir der eng grouss Décisioun huelt.

De Ball läit bei iech!

Auto-evaluation

Auto-evaluation

Auto-evaluation is work. More work. No matter what anyone will say. Someone has to prepare it, and then execute it. And unless this evaluation is done for the sake of it, it entails more work. If the evaluation states that all is as good as can be, this knowledge...

De Ganstarapper Bandana (*sarcasm on)

De Ganstarapper Bandana (*sarcasm on)

Rezentesten Informatiounen no, handelt et sech beim Gangstarapper Bandana guer net em deen éischte Gangstarapper vu Lëtzebuerg, mee em ee Sondage deen TNS-Ilres zesumme mat der Uni Lëtzebuerg fir d'Police Lëtzebuerg gemaach huet! Méi genau handelt et sech em eng nei...

Wëssen a gleewen ass zweeërlee

Wëssen a gleewen ass zweeërlee

Op de Risiko hi mech schonn nees ze widderhuelen: Informatioun ass Muecht! An dat sollt ëmsou méi jidderengem bewosst gi sinn di lescht Wochen a Méint duerch alles wat d’Mënschheet huet mussen erliewen a gesinn. Duerch meng Aarbecht, hunn ech d’Chance bei vill flotte...

Eis léiw Assurancen

Eis léiw Assurancen

Virun e puer Wochen, sin ech eng Strooss roofgefuer, wou zum Schluss eppes wei ee klengen Trottoir ass ier een an d'Haaptstrooss oofbeit. Well do awer op der rietser Saeit eng grouss Mauer ass, an op der lenker een deckt Gebesch, sin ech d'eischt bis bei deen Trottoir...

#youth

Haut sin ech mol nees Affekot vun de Jonke ver-/ge-nannt gin. An haut ass et haenke bliww. Mee firwat? Well eng Perseinlechkeet mer Reproche gemeet huet, ech geiff blann op se setzen? Oder well haut iergendwei alles zesumme kennt, a Sënn mecht? Firu geschwe 6 Joer hun...

Des Carte Blanche huet näischt mam Referendum ze dinn!

Des Carte Blanche huet näischt mam Referendum ze dinn!

Et geet wéi ëmmer em di Jonk, em Informatioun an am Allgemengen em Manipulatioun. E beschen sou wéi bei engem Referendum. Oops… lo geet et awer schonn nees em dee Referendum. Mee wéi ass dat nëmmen dat nach ëmmer, egal wou Diskussioun grad ass, et ganz heefeg sech tôt...

Den Internet an d’Angscht

Den Internet an d’Angscht

Et kënnt mer fir, wéi wann ech als Kand spéid Owes bei Lagerfeier ganz oft sou Schauermärecher erzielt kritt hätt, vun Zäiten, wou nach keng 97% vun de Leit am Land Internet haten, wou nach net all Zëmmer seng eegen Televisioun hat, wou am Platz vun engem...

Fréier war alles besser

Fréier war alles besser

An dann déi Jugend vun haut?! - Wat huet dat mech am Lycée generft, wann een dat zu mer sot! Mä wéi kann et da sinn, datt haut vill nei Aler genau déi selwecht Säz op der Zong leien hunn? Als jonk Persoun baut ee sech Referenzen op, an ee Kader an deem ee sech...

Iwwer Medien a Virurteeler

Iwwer Medien a Virurteeler

Als fläissegen Nolauschterer vun dëser Carte Blanche wësst Dir jo sécherlech entretemps, datt Informatioun Muecht ass. Dir wësst och, datt Informatioun ka gefälscht sinn. An dir wësst, datt Informatioune kënne géint Iech benotzt ginn. Mee ab wéi engem Punkt gëtt et...