SLAM!1: Informatioun ass Muescht

Jan 15, 2014

Wéi der et bestëmmt scho wësst, gëtt dëst Zäitalter och nach d’Zäitalter vun der Informatioun genannt. Mee waat heescht dat? Grosso Moddo heescht dat, datt een haut vill méi einfach accès op Informatiounen kann hunn, datt een souguer een Iwwerfloss un Informatiounen huet, an, datt Informatiounen een Haaptbestanddeel sinn vun der haiteger Industrie. Aha.

Konkret heescht dat, datt wann een (gutt) Informatiounen huet, ee méi “Muescht” huet. An dëst muss net negativ sinn! Den CIJ gëtt et zum Bsp. scho méi wéi 26 Joer, an an deene 26 Joer hunn eis Prioritéiten sech zwar vläit oft ugepasst, mee de kloere But vun dëser Asbl ass a bleift jonke Leit d’Méiglechkeet ze ginn, duerch gutt Informatiounen ee “gudde” Bierger vun der Gesellschaft ze sinn/ginn, an duerch di méi “grouss Muescht”, ze stärken!

An dësem Kader, ass et net nëmmen eis – mee och weltwäit – wichteg fir op d’Recht zur Informatioun ze pochen. Eng sellegen Institutiounen hunn sech fir eng qualitativ héich Informatioun staark gemeet, mee et ass ee spezielle But vun der Campagne Information Right Now vun ERYICA gewiescht, d’Recht op Informatioun vu jonke Leit ze beliichten!

Di läscht Joeren hunn mir an vill vun eise Partneren grouss Efforte gemeet fir ärch d’Informatiounen méi no ze bréngen.

Sief et duerch d’Conventioun, déi mir mat dem Educatiounsministère agaang sinn a wou mer di nei Carnets de Liaisons opsetzen fir d’Schüler aus dem Cycle Inférieur, oder och nach den neien Internetsite meng.foiredeletudiant.lu, dee mir mam a fir de CEDIES programméiert hunn.

An de Carnets ginn jonk Leit iwwert eng Multitude vun Themen informéiert, an op dem foiredeletudiant.lu ginn se préparéiert op hir zukünfteg Studien. Béid sinn wichteg Deeler vum erwuesse-ginn fir all Jonken.

Mee et sollt awer och net sou sinn, datt mir alles fir di Jonk “firknaen”. Nee, et ass och ee Minimum vun de Jonke verlaangt! Interesséiert Ierch! Hannerfroot dat, wat der vun Informatioune fannt. Winnt ärch drun Informatiounen ze sammlen an auszewäerten ir der eng grouss Décisioun huelt.

De Ball läit bei iech!

Welcome

Welcome

... to the website of Jean-Claude Bisenius, marketing professional based in Luxembourg. This website will provide you with a snapshot of my educational and professional career, and give you insights into the areas that I take an interest in. Should you wish to contact...

Services

With a rather diversified educational and professional experience, I have come to learn what I am good at, and what others are better at. Thanks to a lot of good guidance over the years, I have come to learn that it is not only best to work with experts, I have come...

Innsbruck!

Innsbruck!

As I was ill this weekend, I couldn't go to London, which leaves all the more time for me to look forward to next week where I will return to Innsbruck! Yay 🙂 Can't wait to leave for another road-trip, with Chris, and I'm sure it'll be lots of fun! In the mean time,...

The moon – small sample of pictures

The moon – small sample of pictures

This is a small sample of pictures I've taken over the past 2 years with my EOS 30D. For a beginner like me, it took ages to find ways to take pictures I was happy with, they all required a tripod, a lot of tries, and a nag to not just yet go home, even when it's...