Et kënnt mer fir, wéi wann ech als Kand spéid Owes bei Lagerfeier ganz oft sou Schauermärecher erzielt kritt hätt, vun Zäiten, wou nach keng 97% vun de Leit am Land Internet haten, wou nach net all Zëmmer seng eegen Televisioun hat, wou am Platz vun engem intelligenten Telefon an all Täsch, all Stot nëmmen een Telefon hat, dee nëmme gaang ass, wann en am Stecker dra war.
Et kënnt mer och fir, wei wann haut ëmmer méi Leit immens vill Angscht hätten, well se fest dru gleewen dat fréier alles besser war. Mee wéi hänkt dat do zesummen?
Menger Meenung no, huet sech d’Medien- a Kommunikatiounslandschaft di läscht 30 Joer massiv verännert. Den Accès op Informatioun ass vill méi einfach, an de Choix u Fournisseur vill méi diversifizéiert.
Wann ee virun 30 Joer um Fernseh vläit ee Grapp voll Sender hat, huet een haut eng Onmass, an dëst beschränkt sech natierlech net nëmmen op d’Televisioun. Ëmmer méi einfach an üblech ass et op vill Zeitunge kennen zeréckzegräifen, well et scho laang net méi nëmmen esou ass, dat een een Abonnement huet, an nëmmen dat liest, wat moies an der Bréifboîte läit. An dann den Internet…
Dëst zitt vill Positives mat sech, schaaft Aarbechtsplazen, mécht d’Welt méi kleng a méi accessibel, a gëtt theoretesch jidderengem d’Chance zu engem Weltbierger ze ginn.
Mee wat zitt dëst nach mat sech?
Fir unzefänken, een Iwwerfloss un Informatioun, wou et kaum nach z’erwaarden ass dat jiddereen alles komplett liest. Ween huet Zäit oder well sech se huele fir verschidden Zeitungen all Dag ze liesen, fir se ze vergläichen? Wee wiesselt schonn tëscht Radiostatioune fir verschidden Approchen zu News ze kréien?
An da kënnt nach dobäi, dat all Informatioun déi gekuckt oder souguer gelies gëtt, dem Auteur oder Editeur eppes wärt ass. An do ass di nächst logesch Entwécklung dann d’Konkurrenz! Wat eng Zeitung méi gelies, ee Radio méi gelauschtert gëtt, ee Site méi besicht gëtt, wat Reklamme méi deier verkaaft kenne ginn.
Wat ass wann dann deen Ament soss serieux Medien, op eemol op d’Schinn vu Boulevard Magazinne ginn, an duerch sensationell Headlinen a Contenu’en, probéieren en neie Public ze lackelen? A wat ass, wann di nei Generatioune blann dorop lassgelooss ginn, an net di néideg kritesch Approche hunn?
Virun 80 Joer hu leider ganz clever Leit duerch Masse-Medien, et fäerdeg bruecht, Masse vu Mënsche vun hiren Intentiounen z’iwwerzeegen. A wann ähnlech clever Leit hier Intentiounen haut nees duerch nei Masse-Medien verbreeden, riskéiert et nees zur Spaltung an der Gesellschaft ze kommen. Sief et duerch Nationalitéit, Relioun oder sexuell Orientéierung.
Nouvellen, an Informatioun sollen neutral a sou komplett wéi méiglech verbreed ginn. Dowéinst ginn se jo dann och sou genannt, an net Entertainment. An alles wat net sou ass, soll och kloer erkennbar sinn.
Verstitt mech wannechgelifft net falsch. All di rezent schrecklech Nouvellen hunn ech matkritt an déi hu mech all getraff, sief dat vu Stied zu Lëtzebuerg déi scheinbar ëmmer méi geféierlech ginn, Fligeraccidenter déi et sou, nach net oft gouf, oder d’Hiriichte vu groussen Zuele vun Onschëllegen, an an an.
Mee sou schrecklech Schicksaler gouf et menger Meenung no schonn ëmmer, just dat net direkt jiddereen dës scho moies wousst, a wouméiglech gekuckt huet, ier de Fouss vum Bett um Buedem ukoum. An di Angscht déi do geschuert gëtt an de Medien, déi kann a well ech net akzeptéieren. Net fir mech, net fir meng Famill, meng Kanner, an och soss keen.
Ee Comic deen ech firu kuerzem gesin hun, huet mech stark getraff. D’Kand kuckt mat der Mamm d’Nouvelle vun engem Fligerakzident um Fernseh a freet: “Firwat soen se emmer wéieng Nationalitéit d’Passagéier hun?” an d’Mamm äntwert: “Ma fir dat mer wëssen op et eis kann egal sin.”