Fréier war alles besser

Feb 27, 2015

An dann déi Jugend vun haut?! – Wat huet dat mech am Lycée generft, wann een dat zu mer sot! Mä wéi kann et da sinn, datt haut vill nei Aler genau déi selwecht Säz op der Zong leien hunn?

Als jonk Persoun baut ee sech Referenzen op, an ee Kader an deem ee sech entwéckelt a léiert gutt a schlecht Elementer vuneneen z’ënnerscheeden. Hoffentlech kann ee sech da fir dat Richtegt entscheeden.

Fir genee dee Kader, do investéiert een net nëmme Joren dra fir sech en opzebauen, mä et léisst ee jorelaang zou, datt dëst deen eenzege Kader ass, deen ee richteg fënnt. Natierlech ass et dann nëmme ganz schwéier nozevollzéien, datt et vläit nach een anere Wee gëtt.

Et ass awer och eng Saach vun Educatioun duerch säin Ëmfeld, an do spillt et nëmmen eng minimal Roll, ob et formell oder non-formell Educatioun ass. Et ass nämlech duerch wat ech eng zolitt Educatioun nenne géif, an der Schoul AN Doheem, datt een sech nieft sengem ganz eegene Kader, kann d’Flexibilitéit ginn, och aner Kaderen z’akzeptéieren, a wee weess, vläit souguer als Erwuessene sech nach unzepassen.

Am Kader vu menger Aarbecht probéieren ech ëmmer ee Mix unzebidden, d’Entwécklung vun engem positive Kader, mat vill Ënnerstëtzung a mat enger gesonder Portioun Selbstzweiwel.

Duerch meng ganz eege Liewenserfarung an Educatioun, sinn ech nämlech zur Conclusioun komm, datt souwuel Responsabiliséieren als ewéi Begleeden essentiell si fir jonke Leit eng gutt Basis ze bidden. Dofir ass et zum Beispill bei eis eng Konditioun, datt mir deem Jonken net d’Aarbecht ofhuelen, mä datt mir him bäibréngen et selwer ze maachen. An do sinn ech och heiansdo bekannt als een dee schonn e bëssche méi streng ka sinn. Heescht déi Strengheet, déi Rigiditéit, datt ech selwer net dat verstan hunn, wat ech grad virdru sot?

Wat ech ëmsou méi Schued fannen ass, datt verschidde Jonker ouni den néidege Support an d’Welt geschéckt ginn, a kucke kënnen eens ze ginn.

Responsabiliséiere geet natierlech Hand an Hand mat Responsabilitéit, mat Limitten a mat Konsequenz. An ech sinn da streng an applizéiere Konsequenzen all Kéiers, well ech et och sou fir mech selwer maachen. Mä et ass wéi gesot genee sou essentiell, dee Jonken net am Stach ze loossen, mä en opzebauen an ze begleeden a senger Entwécklung fir datt ee flexibel duerch d’Liewe ka goen.

Wéini ass d’Responsabilitéit ze vill fir dee Jonken? Wat ass un deene Burnouts drun, wou souvill Jonker haut scho ganz fréi dru leiden? Dëst ass menger Meenung no eng direkt Konsequenz dervu wann Responsabilitéit an Ënnerstëtzung net am Gläichgewiicht sinn.

Mä wat erlaben ech mir hei iwwerhaapt, ze soen, wéi ee Jonker soll erzéien?! All Fall ass sécherlech eenzegaarteg, an et gëtt keng perfekt Aart a Weis fir aus jonke Leit “gutt” al Leit ze maachen. Mä ouni de Wëllen Zäit, Gedold an och Materielles z’investéieren, ass et sécherlech net einfach fir dee Jonke säi Wee a Kader eleng ze fannen!

Wëssen a gleewen ass zweeërlee

Wëssen a gleewen ass zweeërlee

Op de Risiko hi mech schonn nees ze widderhuelen: Informatioun ass Muecht! An dat sollt ëmsou méi jidderengem bewosst gi sinn di lescht Wochen a Méint duerch alles wat d’Mënschheet huet mussen erliewen a gesinn. Duerch meng Aarbecht, hunn ech d’Chance bei vill flotte...

Des Carte Blanche huet näischt mam Referendum ze dinn!

Des Carte Blanche huet näischt mam Referendum ze dinn!

Et geet wéi ëmmer em di Jonk, em Informatioun an am Allgemengen em Manipulatioun. E beschen sou wéi bei engem Referendum. Oops… lo geet et awer schonn nees em dee Referendum. Mee wéi ass dat nëmmen dat nach ëmmer, egal wou Diskussioun grad ass, et ganz heefeg sech tôt...

Den Internet an d’Angscht

Den Internet an d’Angscht

Et kënnt mer fir, wéi wann ech als Kand spéid Owes bei Lagerfeier ganz oft sou Schauermärecher erzielt kritt hätt, vun Zäiten, wou nach keng 97% vun de Leit am Land Internet haten, wou nach net all Zëmmer seng eegen Televisioun hat, wou am Platz vun engem...

Iwwer Medien a Virurteeler

Iwwer Medien a Virurteeler

Als fläissegen Nolauschterer vun dëser Carte Blanche wësst Dir jo sécherlech entretemps, datt Informatioun Muecht ass. Dir wësst och, datt Informatioun ka gefälscht sinn. An dir wësst, datt Informatioune kënne géint Iech benotzt ginn. Mee ab wéi engem Punkt gëtt et...

Informatioun ass Muecht

Informatioun ass Muecht

Dës Serie hunn ech viru 7 Méint ugefaang mat engem vun den Themen, déi mir am stäerksten um Häerz leien, déi Jonk an hir Recht op Informatioun. An deem Sënn hunn ech probéiert, d'Iwwerleeung z'encouragéieren, datt jonk Leit, déi gutt Informatiounen hunn, vill besser...

D’Kultur vum Recht

D’Kultur vum Recht

Eigentlech muss ech soen dat ech wierklech frou sinn dës Carte Blanchen dierfen ze maachen. Well dës gi mer ëmmer nees d’Méiglechkeet, e bësschen Distanz zum Alldag ze huelen, a mech mat Saachen auserneenzesetzen déi mech beschäftegen. Leider awer sinn et meeschtens...

Rassismus am Alldag a Xenophobie – Eng Gefor fir déi Jonk

Rassismus am Alldag a Xenophobie – Eng Gefor fir déi Jonk

Lëtzebuergesch, wat hunn ech di Sprooch sou gär. Vu klengem un a bis haut, ass a bleift et déi Sprooch op déi ech am léifsten an am einfachsten zeréckfalen fir mech auszedrécken. A wa Leit mer soen dat Lëtzebuergesch jo eigentlech net wierklech eng Sprooch wier, mee...

SLAM!1: Informatioun ass Muescht

SLAM!1: Informatioun ass Muescht

Wéi der et bestëmmt scho wësst, gëtt dëst Zäitalter och nach d’Zäitalter vun der Informatioun genannt. Mee waat heescht dat? Grosso Moddo heescht dat, datt een haut vill méi einfach accès op Informatiounen kann hunn, datt een souguer een Iwwerfloss un Informatiounen...

Loss

Loss

Recently ago, I started listing to the the 7 Habits of Highly Effective People. And when I say "started", I mean listened to the foreword by the author some 15 years down the road from the book's first publishing date. And besides an awefully rubbish point he made, 2...