Des Carte Blanche huet näischt mam Referendum ze dinn!

Jun 21, 2015

Et geet wéi ëmmer em di Jonk, em Informatioun an am Allgemengen em Manipulatioun. E beschen sou wéi bei engem Referendum. Oops… lo geet et awer schonn nees em dee Referendum.

Mee wéi ass dat nëmmen dat nach ëmmer, egal wou Diskussioun grad ass, et ganz heefeg sech tôt ou tard em deem Referendum dréint, dat sech sou ee groussen Deel vun der Bevëlkerung nach ëmmer dermadder ausernee setzt, nach bal méi als ewéi mam Thema vun de läschte Wahlen?

Fir mech ass et ganz kloer, dat vun Ufank un eng Spaltung vun eiser Gesellschaft um Spill stoung. A vu dat och direkt den Toun immens emotionell, an net méi sachlech bliwwen ass, hunn sech vun alle Säite bemol ganz staark Gefiller entwéckelt.

Yes, ech hunn eng Meenung, ech dierf soe wat ech well, an ech sinn eppes Wäert. Mee fir da Méintelaang vun alle Säiten agetriichtert ze kréie wat ee soe muss fir entweder kee Xenophob ze sinn, oder fir net geschwënn vun deene béisen Auslänner kolonialiséiert ze ginn, dat kann ee schonn onsécher maachen, voire souguer richteg fatzeg nerven.

Vu dat ech awer ëmmer direkt mol mech a Fro stellen, hunn ech mech gefrot op mir eis Aarbecht vläit ze gutt gemaach hunn an der Läscht, a mëttlerweil ze vill der Allgemengheet d’Meiglechkeet ginn sech selwer (gutt) z’informéieren, a selwer eng (gutt) Decisioun ze huelen, an se net firgesoot ze kréien. Mee bon, dat iwwerloossen ech ärch mol.

Eng ganz Rëtsch Organisatiounen a Parteie sollten sech par contre lo mol eng Kéier selwer mat der Nues huelen, a realiséieren dat et net OK ass, fir ee Referendum, als exzeptionellen Outil, ze notzen, fir seng Meenung enger Gesellschaft opzezwéngen, egal wéi deficitaire dës anscheinend ass.

A wann ech lo nach géif mech a Café’en tommelen, da géif ech bestëmmt ganz vill Stammineesgespréicher erdroen, eh pardon, nolauschteren, mee wann des Emotionalitéit bis vu Parteipresidenten op engem Debat Public op der Telé kënnt, da ginn ech selwer emotional!
Bei all Respekt virun alle gudde Saachen déi der schonn erreeche konnt, Här Partei-President, egal wéi oniwwerluecht, nervend, widderhuelend oder wat och ëmmer een anere ka sinn, et nennt een deen net autistesch! Egal wéi glat oder niewelaanscht een dat seet! Autismus ass eng ganz schlëmm Saach déi keen sech eraussicht, a wou een ni dierf an deem Kontext an de Mond huelen. Shame, shame, shame!

A firwat lo dës Ruge um Radio? Well dëst fir mech de Schlëssel ass, dat Ganzt am grousse Kontext ze gesinn.

Duerch di ganz Onsachlechkeet a Manipulatioun, gouf et keng aner Méiglechkeet als ewéi komplett emotional ze ginn, an deels richteg aggressiv a béis. Am Plaatz eppes fir d’Allgemengheet ze maachen, huet sech de Spalt an der Sociétéit nëmmen nach vergréissert.

Dir sot lo vläit dat et genau dowéinst gutt ass, dat di Jonk net ab 16 dierfen (fakultativ) wiele goen, well déi jo bestëmmt nach méi hätte kenne manipuléiert ginn. Mee do sinn ech absolut net averstan. Et ass un eise gewieltene Representante fir eis net virzeféieren, an eis als eenzel Deeler vun enger Gemeinschaft ze stäerken.

An do hu mer alleguer verluer. Mee kee souvill wéi di Jonk. Ech hunn d’Chance immens vill interesséiert Jugendlecher ze treffen, déi sech ganz fräiwëlleg fir Politik interesséieren, sech driwwer informéieren a mat ganz grousser Wahrscheinlechkeet besser Decisiounen huelen als sou munch Erwuessenen. Mee duerch di vu fir bis hanne falsch Approche vun eiser “Elite”, gouf et ee kategoreschen Nee, an di puer motivéiert 16-17 Järeg goufen zu Collatoral Damage.

 

Wëssen a gleewen ass zweeërlee

Wëssen a gleewen ass zweeërlee

Op de Risiko hi mech schonn nees ze widderhuelen: Informatioun ass Muecht! An dat sollt ëmsou méi jidderengem bewosst gi sinn di lescht Wochen a Méint duerch alles wat d’Mënschheet huet mussen erliewen a gesinn. Duerch meng Aarbecht, hunn ech d’Chance bei vill flotte...

Den Internet an d’Angscht

Den Internet an d’Angscht

Et kënnt mer fir, wéi wann ech als Kand spéid Owes bei Lagerfeier ganz oft sou Schauermärecher erzielt kritt hätt, vun Zäiten, wou nach keng 97% vun de Leit am Land Internet haten, wou nach net all Zëmmer seng eegen Televisioun hat, wou am Platz vun engem...

Fréier war alles besser

Fréier war alles besser

An dann déi Jugend vun haut?! - Wat huet dat mech am Lycée generft, wann een dat zu mer sot! Mä wéi kann et da sinn, datt haut vill nei Aler genau déi selwecht Säz op der Zong leien hunn? Als jonk Persoun baut ee sech Referenzen op, an ee Kader an deem ee sech...

Iwwer Medien a Virurteeler

Iwwer Medien a Virurteeler

Als fläissegen Nolauschterer vun dëser Carte Blanche wësst Dir jo sécherlech entretemps, datt Informatioun Muecht ass. Dir wësst och, datt Informatioun ka gefälscht sinn. An dir wësst, datt Informatioune kënne géint Iech benotzt ginn. Mee ab wéi engem Punkt gëtt et...

Informatioun ass Muecht

Informatioun ass Muecht

Dës Serie hunn ech viru 7 Méint ugefaang mat engem vun den Themen, déi mir am stäerksten um Häerz leien, déi Jonk an hir Recht op Informatioun. An deem Sënn hunn ech probéiert, d'Iwwerleeung z'encouragéieren, datt jonk Leit, déi gutt Informatiounen hunn, vill besser...

D’Kultur vum Recht

D’Kultur vum Recht

Eigentlech muss ech soen dat ech wierklech frou sinn dës Carte Blanchen dierfen ze maachen. Well dës gi mer ëmmer nees d’Méiglechkeet, e bësschen Distanz zum Alldag ze huelen, a mech mat Saachen auserneenzesetzen déi mech beschäftegen. Leider awer sinn et meeschtens...

Rassismus am Alldag a Xenophobie – Eng Gefor fir déi Jonk

Rassismus am Alldag a Xenophobie – Eng Gefor fir déi Jonk

Lëtzebuergesch, wat hunn ech di Sprooch sou gär. Vu klengem un a bis haut, ass a bleift et déi Sprooch op déi ech am léifsten an am einfachsten zeréckfalen fir mech auszedrécken. A wa Leit mer soen dat Lëtzebuergesch jo eigentlech net wierklech eng Sprooch wier, mee...

SLAM!1: Informatioun ass Muescht

SLAM!1: Informatioun ass Muescht

Wéi der et bestëmmt scho wësst, gëtt dëst Zäitalter och nach d’Zäitalter vun der Informatioun genannt. Mee waat heescht dat? Grosso Moddo heescht dat, datt een haut vill méi einfach accès op Informatiounen kann hunn, datt een souguer een Iwwerfloss un Informatiounen...

Loss

Loss

Recently ago, I started listing to the the 7 Habits of Highly Effective People. And when I say "started", I mean listened to the foreword by the author some 15 years down the road from the book's first publishing date. And besides an awefully rubbish point he made, 2...