Eis léiw Assurancen

Virun e puer Wochen, sin ech eng Strooss roofgefuer, wou zum Schluss eppes wei ee klengen Trottoir ass ier een an d’Haaptstrooss oofbeit. Well do awer op der rietser Saeit eng grouss Mauer ass, an op der lenker een deckt Gebesch, sin ech d’eischt bis bei deen Trottoir (dee keen ass) gefuer, an du lues bis bei de Bord vun der Strooss.

 

Wei ech du stoung an d’eischt no lenks gekuckt hun, hat ech mol net mei d’Zaeit och nach no riets ze kucken, dun hat ech schon ee Velo an der Saeit an ee relativ krasse Stunt iwwer de Capot..

Gottseidank ass dem Erwuessene Fuerer ausser e puer Schrummen näischt geschitt! Mee maein Auto a säin ausgeleinte Velo waren “blesséiert”.

De Fuerer war awer en plus de Mann vu menger Fra senger Cousine an et war schnell an engem (den Emstaenn entspriechenden) positive Klima gereegelt:
– heen haett net dierfen iwwert den Trottoir fueren
– heen ass ze schnell komm
– ech hat keng Chance en ze gesin
– ech stoung
– et war elleng seng Schold

An esou hu mer och de Constat ausgefellt.

Wat mengt der wei verwonnert ech war, wei meng Assurance mer du geschriww huet et wier awer meng Schold. Wei?? Ech stoung, et rennt een a mech, et ass meng Schold?

Dun ass een Inspekter op d’Plaz gefuer fir ze kucken, dun duescht ech: ok, ouff, well all gesonde Menscheverstand ass d’accord dat et net aanescht ka sin.

Mee nee. Meng Assurance well anscheinend unbedengt bezuelen.

An dun ass mer eppes bewosst gin. Wann sie dei 800€ bezuelen vu menger Teitsch, verleieren ech 6 Joer wann ech mech net ieren u Bonus/Malus. 3 Joer plus 3 Joer wou ech nees brauch fir op maein Niveau zreckzekommen. Mee dann nach. Et ass also souguer eng gudd Affaire fir sie fir et ze bezuelen.

An anscheinend wier dat oft esou mat den Assurancen. An lo bleiwt mer dann naeischt aanescht iwwreg wei firu Geriicht ze goen… Mee do hu ech jo eng Protection Juridique.

A wann net, vlaeit kann ech jo dann ee Cascadeur Business opmaachen fir futtis Veloen, wou ech dann mech op Ruedt stelle gin a warden bis een Auto do steet wou ech stoung, an wou ech dann einfach drarennen fir dat aaner Leit hier Veloen vun engem “arme Schwaein” senger Assurance bezuelen ze loossen…

Auto-evaluation

Auto-evaluation

Auto-evaluation is work. More work. No matter what anyone will say. Someone has to prepare it, and then execute it. And unless this evaluation is done for the sake of it, it entails more work. If the evaluation states that all is as good as can be, this knowledge...

De Ganstarapper Bandana (*sarcasm on)

De Ganstarapper Bandana (*sarcasm on)

Rezentesten Informatiounen no, handelt et sech beim Gangstarapper Bandana guer net em deen éischte Gangstarapper vu Lëtzebuerg, mee em ee Sondage deen TNS-Ilres zesumme mat der Uni Lëtzebuerg fir d'Police Lëtzebuerg gemaach huet! Méi genau handelt et sech em eng nei...

Wëssen a gleewen ass zweeërlee

Wëssen a gleewen ass zweeërlee

Op de Risiko hi mech schonn nees ze widderhuelen: Informatioun ass Muecht! An dat sollt ëmsou méi jidderengem bewosst gi sinn di lescht Wochen a Méint duerch alles wat d’Mënschheet huet mussen erliewen a gesinn. Duerch meng Aarbecht, hunn ech d’Chance bei vill flotte...

#youth

Haut sin ech mol nees Affekot vun de Jonke ver-/ge-nannt gin. An haut ass et haenke bliww. Mee firwat? Well eng Perseinlechkeet mer Reproche gemeet huet, ech geiff blann op se setzen? Oder well haut iergendwei alles zesumme kennt, a Sënn mecht? Firu geschwe 6 Joer hun...

Des Carte Blanche huet näischt mam Referendum ze dinn!

Des Carte Blanche huet näischt mam Referendum ze dinn!

Et geet wéi ëmmer em di Jonk, em Informatioun an am Allgemengen em Manipulatioun. E beschen sou wéi bei engem Referendum. Oops… lo geet et awer schonn nees em dee Referendum. Mee wéi ass dat nëmmen dat nach ëmmer, egal wou Diskussioun grad ass, et ganz heefeg sech tôt...

Den Internet an d’Angscht

Den Internet an d’Angscht

Et kënnt mer fir, wéi wann ech als Kand spéid Owes bei Lagerfeier ganz oft sou Schauermärecher erzielt kritt hätt, vun Zäiten, wou nach keng 97% vun de Leit am Land Internet haten, wou nach net all Zëmmer seng eegen Televisioun hat, wou am Platz vun engem...

Fréier war alles besser

Fréier war alles besser

An dann déi Jugend vun haut?! - Wat huet dat mech am Lycée generft, wann een dat zu mer sot! Mä wéi kann et da sinn, datt haut vill nei Aler genau déi selwecht Säz op der Zong leien hunn? Als jonk Persoun baut ee sech Referenzen op, an ee Kader an deem ee sech...

Iwwer Medien a Virurteeler

Iwwer Medien a Virurteeler

Als fläissegen Nolauschterer vun dëser Carte Blanche wësst Dir jo sécherlech entretemps, datt Informatioun Muecht ass. Dir wësst och, datt Informatioun ka gefälscht sinn. An dir wësst, datt Informatioune kënne géint Iech benotzt ginn. Mee ab wéi engem Punkt gëtt et...

Informatioun ass Muecht

Informatioun ass Muecht

Dës Serie hunn ech viru 7 Méint ugefaang mat engem vun den Themen, déi mir am stäerksten um Häerz leien, déi Jonk an hir Recht op Informatioun. An deem Sënn hunn ech probéiert, d'Iwwerleeung z'encouragéieren, datt jonk Leit, déi gutt Informatiounen hunn, vill besser...

D’Kultur vum Recht

D’Kultur vum Recht

Eigentlech muss ech soen dat ech wierklech frou sinn dës Carte Blanchen dierfen ze maachen. Well dës gi mer ëmmer nees d’Méiglechkeet, e bësschen Distanz zum Alldag ze huelen, a mech mat Saachen auserneenzesetzen déi mech beschäftegen. Leider awer sinn et meeschtens...