D’Kultur vum Recht

Mar 10, 2014

Eigentlech muss ech soen dat ech wierklech frou sinn dës Carte Blanchen dierfen ze maachen. Well dës gi mer ëmmer nees d’Méiglechkeet, e bësschen Distanz zum Alldag ze huelen, a mech mat Saachen auserneenzesetzen déi mech beschäftegen. Leider awer sinn et meeschtens Saachen, déi mech wuermen, sou wéi och dës Kéier, an zwar eppes wat ech d’Kultur vum Recht nennen. Mee wat mengen ech domadder?

Et geet lo net drëms, datt verschidde Leit een onméigleche Besoin hunn, ëmmer nees Recht ze hunn. Et geet och net ëm fanatesch Verdeedeger vun de Rechter vum Mënsch, Déieren, oder soss Liewewiesen. Mee et geet mir ëm d’Tendenz, déi ech an der Lescht ëmmer nees méi oft begéinen, wou Leit vun allen Zorte vu sech behaapten, datt si ee Recht op eppes Bestëmmtes hätten. Sief dat vu Leit, déi sech sou on-elegant iwwert Frontalieren opreegen, déi hinnen hiert d’Recht op Aarbecht klauen, sief et déi wou sech opreegen, dat se net genuch Suen kréien, sief et déi, wou sech opreegen, dat se keng Mobilitéitsbourse wäerte kréien an dat obwuel se jo awer Wëlles haten, domadder een Auto ze kafen, sou wéi di aner virdrun. Et j’en passe.

An do erkennen ech zwee Problemer. Engersäits verwiessele vill Leit “Recht op” mat “Gerecht”. An anerersäits, hu verschidde Leit ee ganz falscht Verständnis, vu wat et heescht, ee Recht op eppes ze hunn.

Wann den Noper sech een neie Auto leescht, an ech ka mer deen net leeschten, obwuel ech méi haart schaffe wéi hien, ass dat vläit ongerecht, mee sécherlech net onrechtlech. Mee wa mäi Bouf méi spéit eng Bourse fir op d’Uni kréie géif, a mäi Meedchen kréich keng, well et ebe justement ee Meedche wier, wier dat net nëmmen ongerecht, mee och géint d’Recht.

D’Kannerrechtskonventioun zB. wou et ëm Rechter geet, kämpft fir d’Rechter vum Kand a vum Jonken. Dat sinn elementar Rechter, an déi goufe gestëmmt. Da gëtt et och nach eng ganz Rëtsch vu Mënscherechtserklärungen, dorënner déi bekanntesten: d’Déclaration universelle des droits de l’homme.

Vun engem Recht op Liewen bis hin zum Recht, sech bestueden ze dierfen, iwwer d’Verbuede vun Sklaverei an Diskriminatioun, gëtt et vill interessant Aspekter, déi d’Gesellschaft als ee Ganzt verbessere sollen. An deene Kontexter gëtt et och verschidde Verweiser op d’Recht op Educatioun oder Aarbecht, mee a kengem gëtt erwähnt dat et ee Recht gëtt op Studien op der beschter an deierster Uni, an och néierens gëtt et erwähnt, datt ee mat engem BAC+5 Recht op ee Salaire vun 5.000€ hätt.

Kloer, d’Liewen ass nun mol vläit heiensdo ongerecht, mee ganz oft, kéint een och einfach mol nëmmen acceptéieren dat d’Liewen evoluéiert, oder schlëmmstefalls decidéieren eppes u senger Situatioun ze änneren am Plaatz ze mengen et misst een alles um Plateau zerwéiert kréien?

Well wann ee vu Rechter schwätzt, schwätze vill Leit guer net gären vun hiren Obligatiounen. Rechter kritt een an enger Communautéit, mee an där Communautéit muss een sech bedeelegen. Mee firwat zielen ech iech dat lo nees? Fir di Jonk? Sinn et wierklech di Jonk déi nees schlecht opfalen? Oder si mir et nees déi ee schlecht Beispill ginn? Ech weess et net. Mee wat ech viru kuerzem héieren hu vun engem Minister, ass dat all nei Generatioun am Prinzip verdäiwelt gëtt. Wéi wier et wa mer dat géife
si loossen? An am Plaz, weider an déi Jonk investéieren fir dat mer all an enger méi gerechter Sociétéit evoluéieren wou een net méi op seng Rechter poche muss. Dat wier mir Recht.

Welcome

Welcome

... to the website of Jean-Claude Bisenius, marketing professional based in Luxembourg. This website will provide you with a snapshot of my educational and professional career, and give you insights into the areas that I take an interest in. Should you wish to contact...

Services

With a rather diversified educational and professional experience, I have come to learn what I am good at, and what others are better at. Thanks to a lot of good guidance over the years, I have come to learn that it is not only best to work with experts, I have come...

Innsbruck!

Innsbruck!

As I was ill this weekend, I couldn't go to London, which leaves all the more time for me to look forward to next week where I will return to Innsbruck! Yay 🙂 Can't wait to leave for another road-trip, with Chris, and I'm sure it'll be lots of fun! In the mean time,...

The moon – small sample of pictures

The moon – small sample of pictures

This is a small sample of pictures I've taken over the past 2 years with my EOS 30D. For a beginner like me, it took ages to find ways to take pictures I was happy with, they all required a tripod, a lot of tries, and a nag to not just yet go home, even when it's...