Wëssen a gleewen ass zweeërlee

Sep 22, 2015

Op de Risiko hi mech schonn nees ze widderhuelen: Informatioun ass Muecht! An dat sollt ëmsou méi jidderengem bewosst gi sinn di lescht Wochen a Méint duerch alles wat d’Mënschheet huet mussen erliewen a gesinn.

Duerch meng Aarbecht, hunn ech d’Chance bei vill flotte Projete matzemaachen, déi zu 100% dofir geduecht sinn, jonke Leit ze hëllefen. Dat ass ee super Gefill, an ech sinn all Dag dankbar dat dierfe meng Aarbecht ze nennen. A wann ech anere Leit dovun erzielen, gi mer d’Schudderen aus vu Freed an Opreegung, well ech net nëmmen dervun iwwerzeegt sinn, datt mir di “Gutt” sinn, mee och drun gleewen, datt mir onse bescheidenen Deel zur positiver Entwécklung vun den nächste Generatioune kënne bäidroen.

Ëmsou méi sinn ech dann ëmmer nees frustréiert, wann ech gesinn, wéi wéineg d’Presse an all hire Kanäl op eis nei Produiten a Servicer ageet, respektiv hirer Clientèle virstellt, well et ass jo awer schliisslech ee gratis Service, dee jidderee fir sënnvoll hält, a frou wiere wann onse Message bei deenen ukéim fir déi en geduecht ass.

Wann et lo nëmmen eng Kéier wier, wier et bestëmmt just ee blöden Zoufall, zwou Kéiere, Pech! Mee wa systematesch all Propose vun eis, wou de But et ass Jonker gutt z’informéieren, vu quasi all Organ “boykottéiert” gëtt, froen ech mech op net méi derhannert stécht. Mä firwat stéiert dat mech haut méi als soss?

Kucke mer mol wéi d’Nouvellen um Internet sech di lescht Deeg a Méint entwéckelt hunn…

Hutt der net och di Strooss gesinn, wou anscheinend di “béis” Flüchtlingen alles knaschteg hannerlooss hunn? Oder deen Zuch wou di “Béis” d’Iessen an d’Gedrénks op d’Schinne geheien? Oder di Terroristen ënnert de Flüchtlingen déi an Däitschland d’Police mat Fändelen attaquéieren? Jo?

Wësst der dann och, dat di Strooss eng illegal Mülldeponie zu Debrecen ass, a vun 2012 ass? Dat dee Video mam Zuch an der Gare een Hongerstreik gefilmt huet, an di Attack op Poliziste vu Salafiste vum 1. Mee 2012 war? … an dëser Beispiller ginn et nach vill méi!

Et gëtt op dëser Welt Persounen, déi einfach nëmme béis sinn, an déi dann sou eppes an d’Welt setzen. An da gëtt et déi wou Angscht hunn, déi wou et gleewen, déi wou et weiderleeden, an déi wou et publizéieren! An heiansdo kéint ech souguer bal novollzéien, firwat een dat géif publizéieren – wat méi spektakulär, wat méi Lieser, wat méi Reklammen! Mee novollzéien heescht fir mech kloer net dat ech et géif richteg fannen!

A gleeft mer es, mat Momenter kéint ech kräischen, richteg kräischen, wann ech Jonker op Facebook begéinen, déi genau déi Biller a Filmer deelen, deels mat richteg schlëmm Xenophoben Aussoen. Kräische well ech mer soen ech misst méi maachen, nach méi. An vu Roserei wann een et net ënnerstëtze well, Jonker gutt z’informéieren, respektiv ze forméiere fir dat si selwer net op sou Nouvelle eran ze falen.

Haut kënne mer dat all änneren. Mir mussen et just wëllen. Eis Lycéeën hu bal all di lescht Joeren immens Efforte gemaach fir niewent all hirer Aarbecht och nach mat eis zesummenzeschaffe fir hier Schüler z’informéieren,, an do kann ech nëmme Merci soen. Mee och an ärem Ëmfeld, léif Nolauschterer a Presse: hëlleft der jonker Generatioun ze léiere mat Informatiounen ëmzegoen! Gidd hinne gutt a richteg Informatiounen! Hëlleft hinnen!

Welcome

Welcome

... to the website of Jean-Claude Bisenius, marketing professional based in Luxembourg. This website will provide you with a snapshot of my educational and professional career, and give you insights into the areas that I take an interest in. Should you wish to contact...

Services

With a rather diversified educational and professional experience, I have come to learn what I am good at, and what others are better at. Thanks to a lot of good guidance over the years, I have come to learn that it is not only best to work with experts, I have come...

Innsbruck!

Innsbruck!

As I was ill this weekend, I couldn't go to London, which leaves all the more time for me to look forward to next week where I will return to Innsbruck! Yay 🙂 Can't wait to leave for another road-trip, with Chris, and I'm sure it'll be lots of fun! In the mean time,...

The moon – small sample of pictures

The moon – small sample of pictures

This is a small sample of pictures I've taken over the past 2 years with my EOS 30D. For a beginner like me, it took ages to find ways to take pictures I was happy with, they all required a tripod, a lot of tries, and a nag to not just yet go home, even when it's...