Haut sin ech mol nees Affekot vun de Jonke ver-/ge-nannt gin. An haut ass et haenke bliww. Mee firwat? Well eng Perseinlechkeet mer Reproche gemeet huet, ech geiff blann op se setzen? Oder well haut iergendwei alles zesumme kennt, a Sënn mecht?
Firu geschwe 6 Joer hun ech meng nei Missioun ugefaang, mat engem einfachen, mee ambitieisen Ziel: Jonker solle gudd informeiert ginn a sinn, a solle gudd Decisioune kennen huelen duerch justement dess.
An iwwer di laescht Joeren huet dest mech scho vill Nerve kascht, mech gestresst, midd gemeet, mech zweifele gedo…an awer sin ech saeit de Moie bei der laeschter Etape ukomm, ier (quasi) all Jonken zu Letzebuerg ab der Rentree eng heichqualitativ Informatioun geschenkt kritt!
An all di schweier Iwwerzeegungsmomenter vun den Ufaenk, all di Suen dei ech hu mussten opdreiwen, sin haut jhust nach Peanuts am Verglach zu der Bestätegung dei ech kreien.
Jo, et war et derwaert.
Jo, et mecht Senn.
Jo, di Jonk, dei hu genau dat verdengt.
Een Affekot fir di Jonk, an nach vill méi!