Iwwer Medien a Virurteeler

Oct 24, 2014

Als fläissegen Nolauschterer vun dëser Carte Blanche wësst Dir jo sécherlech entretemps, datt Informatioun Muecht ass. Dir wësst och, datt Informatioun ka gefälscht sinn. An dir wësst, datt Informatioune kënne géint Iech benotzt ginn. Mee ab wéi engem Punkt gëtt et geféierlech?

Wéi der vläit nach wësst, hunn ech eng relativ staark Meenung géint Diskriminatioun am breedste Sënn vum Wuert. A vläit ass et och duerch déi scho quasi Allergie, datt ech do ëmmer reagéieren. Mee wéi ass dat bei Iech? Dir kënnt Iech et virstellen, hei gëtt et net nëmme schwaarz a wäiss Schof. Et gëtt net nëmme Leit, déi komplett diskriminéieren, an net nëmme Leit, déi hier 3 Minutten um Radio integral fir sou een Thema notzen.

Denkt mol selwer no, iwwert déi Gespréicher déi dir erlieft. Begéint dir do net och alt mol enger Diskriminatioun? Vläit ee klenge “witzegen” Ausrutscher? Vläit eng soit-disant harmlos Powerpoint iwwert déi Jiddereen um Büro häerzhaft laacht? Vläit ee klenge Kommentar iwwert Fraen am Auto? Dir frot Iech vläit: ass et da wierklech sou schlëmm, wann ee mat engem de Geck mécht, just well en Auslänner, reliéis, vum anere Geschlecht ass oder eng aner sexuell Orientatioun huet? Verstinn déi da kee Spaass??

Op et lo drëms geet, op di aner Persoun kee Spaass versteet, dorobber wëll ech de Moie guer net agoen. Mee wat ech Iech wëll matdeelen, ass datt ech do kee Spaass verstinn, well et ganz einfach net fir ze laachen ass.

All ze oft hunn ech selwer Diskussiounen erlieft, wou et mat enger minimaler Informatioun ugefaang huet, engem Cliché, engem angeblech harmlose Video, a wou duerno d’Conclusioun war, datt déi ënnerentwéckelt a mannerbemëttelt Gruppe vu Leit dach nëmme solle bleiwe wou se sinn oder hierkoumen.

An dofir soen ech alt all Kéiers Nee.

Ass et OK wann ech mengem beschte Kolleg eppes Diskriminéierndes iwwert een aneren an d’Ouer flüsteren? Nee.

Ass et OK wann ech meng Fra op hiert Geschlecht reduzéieren? Nee.

Ass et OK wann ech am Café ee Witz erzielen deen diskriminéiert? Nee.

Ass et OK wann ech um Internet Damp ofloossen, iwwert all dat béist Friemt wat mir den Alldag anscheinend méi schwéier mécht? Nee!

A firwat?

Well dir esou net nëmme riskéiert ee Cliché z’ënnerstëtzen an ze verdeelen, mee och nach well et ganz oft illegal ass?

Well et net op Intelligenz baséiert, mee op Viruerteeler?

Well et aner Leit blesséiert, déi näischt derfir kënnen?

Well et geféierlech Leit doranner ënnerstëtzt hier krank Virstellungen ze verfollegen?

An do kann de Message nach sou kleng an anscheinend harmlos sinn wéi der wëllt, et ass net OK.

Passt einfach nëmmen op, wat der Iech vun Informatiounen uneegent a wat Dir wëlles sidd weider ze verbreeden. Verschidde Medie si jo an der Läscht nees ganz staark ënnerwee a Punkto Panikmaacherei. Verschidde Medien sinn och nees ganz talentéiert, fir eng Schold ze verdeelen. Mee dat soll keng Erlaabnis sinn, fir op dee Won ze sprangen a fir Posts op Facebook ze kommentéieren. Vergiesst net, datt do scho ganz oft di eng oder di aner Interpretatioun vum Journalist matragefloss ass, bleift also kritesch.

Ech ka gutt verstoen, datt sou Saachen Iech Angscht maachen, mee fir da vu Nidderknëppelen ze schwätzen, z’ersaufen, oder vu Weltübernahme ze schwätzen, do gëtt et net nëmme geféierlech, mee et geet carrément ze wäit! An do kann een nach sou oft soen: ech si jo kee Rassist, mee… sou Dommheeten, a strofbar Aussoen, déi bleiwen hänken.

Welcome

Welcome

... to the website of Jean-Claude Bisenius, marketing professional based in Luxembourg. This website will provide you with a snapshot of my educational and professional career, and give you insights into the areas that I take an interest in. Should you wish to contact...

Services

With a rather diversified educational and professional experience, I have come to learn what I am good at, and what others are better at. Thanks to a lot of good guidance over the years, I have come to learn that it is not only best to work with experts, I have come...

Innsbruck!

Innsbruck!

As I was ill this weekend, I couldn't go to London, which leaves all the more time for me to look forward to next week where I will return to Innsbruck! Yay 🙂 Can't wait to leave for another road-trip, with Chris, and I'm sure it'll be lots of fun! In the mean time,...

The moon – small sample of pictures

The moon – small sample of pictures

This is a small sample of pictures I've taken over the past 2 years with my EOS 30D. For a beginner like me, it took ages to find ways to take pictures I was happy with, they all required a tripod, a lot of tries, and a nag to not just yet go home, even when it's...